Cercle ArtistiquePierre Reuter gëtt neie President vum Verwaltungsrot

RTL Lëtzebuerg
Domadder léist hien de Marc Hostert of, deen no dräi Mandater aner Projete wëll an Ugrëff huelen.
De fréiere President vum CAL Jean Petit (Lénks), den neie President Pierre Reuter (Mëtt) an de President sortant Marc Hostert (Riets).
De fréiere President vum CAL Jean Petit (Lénks), den neie President Pierre Reuter (Mëtt) an de President sortant Marc Hostert (Riets).
© CAL: Henri Goergen

An engem Schreiwes deelt de CAL mat, datt ee mam Pierre Reuter en neie President vum Verwaltungsrot huet. De Pierre Reuter war viru sengem Ernennen op dëse Poste scho Member an Trésorier vum Conseil d’Administration.

Och gi mam Xavier Karger a mam Claude Kremer zwee nei Memberen an de Verwaltungsrot gewielt. An dësem Sëtze 15 Leit, dorënner aacht, déi selwer Artiste sinn, a siwe Stéck, déi keng Artiste sinn.

Am Communiqué seet de Cercle Artistique du Luxembourg dann hirem ale President Marc Hostert “Merci”, fir all déi Aarbechten, déi hien an de leschten 9 Joer um Poste vum President gemaach huet.

PDF: De Communiqué vum CAL

Back to Top
CIM LOGO