
Wéi déi US-amerikanesch Medie schreiwen, soll Disney grad am Gaange sinn eng ganz Partie u neie Star Wars-Formater fir de Streaming-Service Disney+ z’entwéckelen. Fir op der Lëscht sollen 2 jonk Talenter stoen, de Regisseur J.D. Dillard an den Dréibuch-Auteur Matt Owen.
Op déi 2 elo un engem neie Film fir de Kino oder ebe fir Disney+ ass nach komplett onkloer. Geheim ass och de Plot, d’Charakteren oder eben de Setting am Star Wars-Universum.