"Marés Vivas"Plättercherskonscht vum Steven Cruz

Sophie Becker
Iwwert ee Joer huet de Kënschtler gebraucht, fir en ale Brécke-Pilier nieft de Rotonde mat iwwer 1.700 Keramik-Plättercher ze dekoréieren.
© RTL

Ugefaang huet dem Steven Cruz seng kënschtleresch Rees mat der Fotografie. Ma nieft der Fotografie huet hie sech awer och an der Keramik-Konscht ëmmer méi etabléiert. Seng aktuell Aarbecht “Marés Vivas” ass bis elo säin drëtt a gréisst Keramik-Wierk.

2024 krut de Kënschtler mat portugiseschen Originne vun de Rotonden den Optrag, de Pilier ze verkleeden, dee fréier déi al Bréck tëscht der Gare a Bouneweg gestäipt huet. Dofir ass hien an d’Geschicht vun der Immigratioun vun de Portugisen an den 1960er Joren agedaucht.

Ëm déi 1.800 Plättercher dekoréieren elo de 5 Meter héije Pilier vun enger Bréck, déi béid Natioune vereent a getrennt huet. “Marés Vivas” bedeit iwwersat “Lieweg Mierer”

De 4. Dezember war de grousse Vernissage vu “Marés Vivas” bei de Rotonden.

Plättercherskonscht vum Steven Cruz
Iwwert ee Joer huet de Kënschtler gebraucht, fir en ale Brécke-Pilier nieft de Rotonde mat iwwer 1.700 Keramik-Plättercher ze dekoréieren.

Back to Top
CIM LOGO