Enn September an der Escher Kufa"Poesie Plus" ass en neie Festival fir Literatur a Performance

Claudia Kollwelter
Iwwer dräi Deeg gëtt eng Verbindung tëscht Literatur, Musek, Beweegungs- a visueller Konscht kreéiert.
© Claudia Kollwelter

Déi Lëtzebuerger Literaturzeen soll an d'Vitrinn gestallt ginn an de Festival soll vun der Atmosphär éischter un e Museksfestival erënneren, seet de Georges Goerens, ee vun de Programmateuren an der Kulturfabrik.

“Dat, wat sech duerch de Festival zitt, ass, dass et ëmmer ëm Performance geet am literaresche Beräich, dat heescht, et ass ass Literatur plus Musek, Literatur an engem méi zenografesche Kontext, et gëtt nei Kreatiounen, literaresch, wou Leit wierklech eng Woch zesumme schaffen an da gëtt et esou eppes, wat e bësse méi gliddeg aus der Pan ass.”

20 Auteuren, 16 dovunner vu Lëtzebuerg, véier internationaler, allkéiers a Kombinatioun mat artistesche Collaborateuren, sinn Deel vun der éischter Editioun vu “Poesie Plus”. Optakt ass de 25. September mat zwou grousse Liesunge vu Lëtzebuerger Auteuren.

“Dat Eent ass d'Ulrike Beil, wat eng wonnerschéi Poesie huet, zesumme mam Stephanie Schlink a Judith Klaassen, dat ass en e bësse méi klassesche Projet. Et ass lyresche Gesang, aus der Romantik, dat heescht Schubert. An dem Ulrike seng Poesie, déi och e bësse méi verspillt ass an et bezitt sech vill op d'Natur, mee si huet och eppes, wat vläicht e bësse méi en intellektuelle Public uschwätzt.”

Dono ass et um Ian Di Toffoli sengem Text “Léa ou la théorie des systèmes complexes”, deen dëst Joer de Servais-Präis krut.

“Deen Text gëtt interpretéiert vum Céline Camara, eng super-expressiv Schauspillerin zu Lëtzebuerg a vun der Metalband Scarred. Dat heescht, mir hunn am Fong do wierklech den ästheetesche Clash vu klasseschem lyresche Gesang a Lëtzebuerger Metal-Musek. “

Samschdes owes steet eng grouss elektronesch Literatur-Performance am Vierdergrond.

“Dat ass och vläicht méi eppes fir e jonke Public mat queeren Auteuren an, jo, eppes, wou ech mengen, dass et och Studenten uschwätze kann an och thematesch Leit uschwätzt, déi vläicht sech net direkt fir eng Liesung interesséieren, mee déi sech awer fir queer Ästhetiken interesséieren.”

Sonndes ass wéi dacks op Festivaller éischter de Familljen dediéiert.

“Do hu mer am Fong just Moiesprogramm. Ma mir schléissen of mat engem Brunch an der Mesa hei zu Esch. An do ass d'Iddi, fir Lektüre chez l'habitant ze maachen. D'Leit kenne vläicht e Wohnzimmer-Concert vun der Musek. Hei ass am Fong eng Wohnzimmer-Liesung, wou mer och wollten no un de Leit sinn zu Esch, dass d'Leit kënnen hiert Wohnzimmer opspären, fir dass do gelies gëtt.”

De Festival hätt als Zil, Literatur op neie Weeër ze entdecken an ze erliewen a souwuel Literaturbegeeschterter wéi och en neie Public unzezéien, huet de Georges Goerens nach ënnerstrach. “Poesie Plus” soll dann och an Zukunft e feste Bestanddeel an der Programmatioun vun der Kufa ginn.

Déi éischt Editioun ass de 25., 26. a 27. September zu Esch. Den Entrée ass gratis, ma et ass awer recommandéiert, sech fir déi ënnerschiddlech Performancen, Workshoppen a soss Evenementer unzemellen. All d'Informatiounen an déi ganz Programmatioun vum Festival “Poesie Plus" fannt Dir ënnert www.kulturfabrik.lu.

Back to Top
CIM LOGO