Den 3. Oktober 2025 war e wichtegen Dag fir d’Monarchie vum Land. De Grand-Duc Henri, deen zanter dem Joer 2000 um Troun souz, huet en faveur vu sengem Nofollger abdiquéiert. Fir den Dag ze markéieren, goufe véier Portraiten an eng Büst vum neie Grand-Duc Guillaume realiséiert, genee ewéi e Portrait vun der Grand-Duchesse Stéphanie.
D’Wierker, déi am Optrag vun der Maison du Grand-Duc gemaach goufen, wäerte vum 16. Januar bis den 1. Februar fir de Grand-public am Nationalmusée um Fëschmaart (MNAHA) ze gesi sinn. Den Entrée ass fräi. Organiséiert gëtt d’Ausstellung vun der Maison du Grand-Duc an Zesummenaarbecht mam Nationalmusée, mat der Ënnerstëtzung vun der Chamber an dem Kulturministère.
Wéi de Büst gemaach gouf, kënnt Dir hei gesinn:
De Vernissage war en Donneschdeg a Presenz vum Grand Duc-Guillaume a vun der Grande-Duchesse Stéphanie. Nieft der Maréchale de la Cour Sasha Baillie hunn och de Chamberpresident Claude Wiseler an de Kulturminister Eric Thill e puer Wierder gesot.
No der Ausstellung kommen d’Wierker vum Moler Roland Schauls, de brittesche Portraitisten Andrew Gow a Louise Pragness, a vum Sculpteur Serge Ecker dann op hir jeeweileg dauerhaft Plazen. Dem Andrew Gow säi Portrait vum Grand-Duc Guillaume wäert am Plenarsall vun der Chamber ze gesi sinn, wärend déi aner Portraiten an déi Raim vum Palais wäerten opgehaange ginn, déi all Summer fir Visiteuren accessibel sinn. Déi siwe Büsten aus Bronze sollen hir Plaz an ënnerschiddlechen offizielle Gebaier fannen, wéi zum Beispill a Ministèren a Beruffskummeren.