Et ass eng Sprooch, déi een hei am Land nawell méi dacks héiert: Portugisesch. Eng Weltsprooch, déi vu puer honnert Millioune Leit geschwat gëtt an ëmmerhin an 9 Länner ass et och eng offiziell Amtssprooch. Fir dës grouss Communautéit ze feieren, gouf 2009 e sougenannte Weltdag vun der portugisescher Sprooch agefouert. Dëse gëtt zanterhier all Joers de 5. Mee gefeiert. A sou och haut.