USAPräisiwwerreechung vun Éieren-Oscars aus Angscht virun Omikron verluecht

RTL Lëtzebuerg
D'Iwwerreechung vun den Éieren-Oscars ass wéinst der Hausse un Neiinfektioune verluecht ginn. D'Academy huet dës "schwéier Decisioun" e Mëttwoch matgedeelt
© AFP Archiv

Eigentlech hätt d’Präisiwwerreechung vun de sougenannte “Governors Awards” ze 15. Januar solle sinn. Hei hätten d’US-Schauspiller Samuel L. Jackson an den Danny Glover, d’Norwegerin Liv Ullmann an d’US-Schauspillerin a Regisseurin Elaine May déi gëlle Statuen zu Éiere vun hire Liewenswierker kréie sollen.

Wéinst der “Onsécherheet ronderëm d’Varianten an den Auswierkungen, déi dës op d’Gesellschaft kéinten hunn”, géing d’Academy et “fir déi besser Decisioun fir d’Gewënner an d’Gäscht” halen, d’Iwwerreechung ze verleeën. Deemno misst d’Zeremonie zu engem spéidere Moment nei geplangt ginn.

Déi eigentlech Oscar-Präisiwwerreechung ass bis ewell nach ëmmer fir de 27. Mäerz geplangt.

Back to Top
CIM LOGO