
Jonk Schrëftsteller tëschent 12 a 26 Joer ënnerstëtzen – dat ass d’Zil vum Prix Laurence. Dobäi ginn et zwou Alterskategorien: vun 12-17 Joer a vun 18-26 Joer. Well d’Finaliste vum Jugend-Literaturpräis normalerweis all Joer op dem Literaturfestival LiteraTour am Abrëll zu Beetebuerg hir Texter virliesen, an deen dës Joer net wéi geplangt konnt stattfannen, ass elo de sougenannte Spin-Off vum Prix Laurence an d’Liewe geruff ginn.
Homepage Prix LaurenceD’Editioun vun 2020 ass op Hierscht verluecht, ma fir d’Waarden ze iwwerbrécken an d’Kreativitéit an d’literaresch Produktioun weiderhin ze fërderen, sinn di jonk Auteuren zanter dem 2. Mee amgaang ze schreiwen an ze liesen.
Sechs Gewënner vum Präis, dorënner den Antoine Pohu, Nicolas Calmes, Romain Haas, Eline Klaassen, Anouk Mahr a Maxime Weber schaffen zesummen un enger Geschicht. Et gëtt eng Basis, déi den Antoine Pohu geschriwwen huet, an duerno ass all Woch en aneren un der Rei, déi Geschicht an eng vun de Figuren weiderzeschreiwen. Eng Zort vu literarescher Collage vu jonken Talenter – den Antoine Pohu huet 2019 de Nationale Literaturconcours a senger Kategorie gewonnen, mam Roman La Quête. D’Joer virdrun war hien de Gewënner vum Prix Laurence.
All Samschdeg gëtt den neien Deel vun der Geschicht dann um 17 Auer iwwer Videostream virgelies.
An: well de Prix Laurence verluecht gouf, kann ee sech och méi laang umellen wéi geplangt. Nach bis den 30. Juni hu jonk Talenter Zäit hir Texter anzereechen. Eng Bedingung gëtt et awer: se dierfe nach net publizéiert sinn!