
Wat genau d’Doudesursaach vum 71 Joer ale Mann war, ass nach net gewosst. De Martin Birch huet ënnert anerem Albe vun Iron Maiden, Black Sabbath an Deep Purple erausbruecht a war am Metal-Beräich täteg. De Sänger David Coverdale huet dës Nouvelle an der Nuecht op e Méindeg op Twitter verëffentlecht.
3 vun den 9 Iron-Maiden-Alben, déi de Birch produzéiert huet, hate sech d’Plaz 1 an den Charts geséchert.