Musek verbënntProjet "Musical Storytelling" fir Jonker an der UGDA

Christophe Hochard
Zanter e puer Deeg gëtt äifreg am Escher Conservatoire geprouft. 19 Jonker sinn Deel vum Projet "Musical Storytelling".
Projet "Musical Storytelling"
Zanter e puer Deeg gëtt äifreg am Escher Conservatoire geprouft. 19 Jonker sinn Deel vum Projet “Musical Storytelling”.

D’Museksschoul “Union Grand - Duc Adolphe” bedeelegt sech um europäeschen “Erasmus Plus"-Projet mam Numm “Musical Storytelling”. An anere Wieder d’Integratioun vu jonke Leit aus anere Kulture soll iwwer d’Musek méi liicht gemaach ginn. Dofir sinn zanter e leschte Samschdeg 19 jonk Leit aus Europa an doriwwer eraus zesummen. Si preparéieren 3 Concerten, déi Enn der Woch organiséiert ginn.

Aus Nordmazedonien, Litauen, Däitschland a Lëtzebuerg kommen dës jonk Leit. D’Musek verbënnt si. Sproochebarrière ginn et keng. Mat ganz vill Éiergäiz an enger grousser Portioun Begeeschterung ginn déi eenzel Stecker trainéiert. Zil ass et, net nëmmen am Grupp Lidder virzespillen, et geet och drëms, sech als Museker op aner Situatiounen anzeloossen. Stéchwuert: Improvisatioun.

Jonker zesummebréngen. Mat deene verschiddensten Originnen. Dëst ass d’Iddi vum aktuelle Projet hei zu Lëtzebuerg. No de Prouwe gëtt dann och virum Public gespillt. Vun e Freideg bis e Sonndeg, dat an der protestantescher Kierch ewéi am Escher an am Stater Conservatoire.

Back to Top
CIM LOGO