Eurovision Song Contest 2024Prozess fir d'Preselektioun fänkt den 3. Juli un

RTL Lëtzebuerg
De laang erwaarte Retour vum Grand-Duché beim Eurovision Song Contest ass endlech do!
© EBU / Adobe Stock

No 30 laange Jore freet sech RTL, de Kandidat oder de Grupp auszewielen, dee Lëtzebuerg am Mee 2024 a Schweden vertriede wäert. Dräi Minutten, déi de gléckleche Kandidat fir ëmmer präge wäerten!

An der Press an an de soziale Medie gouf et nom annoncéierte Retour scho sëllege Rumeuren iwwert d’Preselektioun. De Prozess fir d’Preselektioun wäert den 3. Juli ufänken, an d’Detailer zu den Aschreiwungen an dem Rekrutement vun de Kandidaten a Komponiste ginn um offizielle Site www.eurovision.lu public gemaach.

PDF: Communiqué Eurovison 26.06.2023

Back to Top
CIM LOGO