
Zënter 21 Joer scho gëtt et de Festival Rainy Days, deen d’zäitgenëssesch Konscht an de Mëttelpunkt setzt an zënter 16 Joer gëtt e vun der Philharmonie organiséiert. Well déi zwee ronn Gebuerstdeeg lescht Joer net konnte gefeiert ginn, gëtt dat dëst Joer nogeholl. Nach bis den 5. Dezember kann een eng ganz Parti Concerten op verschiddene Siten erliewen.

Eng speziell Kompositioun “Driwwer Drënner Drop” vum Catherine Kontz invitéiert de Publikum (27.11.) mat iwwer 100 Museker vun der UGDA eng Stonn laang op e Klang-Spadséierwee laanscht d’Ulezecht an de Gronn an a Clausen.
“Cleansed” ass e Stéck vun der britescher Schrëftstellerin Sarah Kane. Et spillt an engem Institut an deem de sadisteschen Tinker probéiert déi Mënsche lass ze ginn, déi net erwënscht sinn. E Grupp vun hinne probéiert sech géint des Experimenter ze wieren an gebraucht dofir e staarkt Instrument: d’Léift.
Déi 5. Produktioun vun der Volleksbün huet de Max Jacoby an Zeen gesat. Gespillt gëtt dëst engleschsproocheg Stéck bis den 26.11. am Gudde Wëllen an der Stad.

Vum 20. bis den 30. November ass déi éischt Editioun vum Luxembourg Palestine Filmfestival, dee vum Comité pour une Paix juste Proche-Orient (CPJPO) orgaisnéiert gëtt.
Um Programm sti Filmer, Echangen, Worshopen an Diskussioune mat palästinenschen Artisten. déi hir Geschichten a Realitéiten op sozialem, politeschem an ekonomeschem Plang erzielen,.
Luxembourg Palestine Film Festival De ProgrammD’éischt Editioun ass zu Lëtzebuerg, déi zweet ass dann a Palästina, wou de Lëtzebuerger Film zu Éiere kënnt.
De Festival fänkt un a schléisst of mat dem Film “200 Meters” vum Ameen Nayfeh.