Atelier confirméiertRapper Damso de 16. Juli 2025 um Open Air virun der Luxexpo

RTL Lëtzebuerg
De belsch-kongoleesesche Rapper Damso wäert am Summer op der grousser Bün virun der Luxexpo optrieden.

Dat confirméiert en Donneschdeg den Organisateur Atelier. De Concert wäert awer just een aus enger ganzer Serie vun héichkarätegen Optrëtter um Open Air um Kierchbierg sinn. Nieft dem Damso trieden de Summer iwwer nämlech och ënnert anerem nach Green Day, de Sting, den DJ Martin Garrix an den Justin Timberlake op.

Tickete fir Damso ginn den 3. Dezember ëm 10 Auer um Site vum Atelier an d’Vente.

Back to Top
CIM LOGO