Am CNLRemise vum Servais Präis un den Auteur Jérôme Quiqueret

RTL Lëtzebuerg
Zanter Abrëll ass gewosst, datt de Jérôme Quiqueret den prestigiéise Prix Servais gewonnen huet. Den 3. Juli krut en en elo iwwerreecht.
Servais Präis 2023 fir de Jérôme Quiqueret
Geéiert gouf hie fir säi Buch “Tout devait disparaître”, dat 2022 bei Capybarabooks erauskoum.

“Et ass d’Aboutissement vun iwwer 10 Joer Aarbecht”, sou de Gewënner vum Sevais Präis, Jérôme Quiqueret, iwwert säi Buch. Ugefaangen hätt alles mat enger Recherche iwwert Protester am Minett. Eng Recherche, déi en op e Mordfall opmierksam gemaach huet, deen hien dann - ewéi en Detektiv - verfollegt huet an a sengem Wierk “Tout devait disparâitre” an senger ganzer Komplexitéit duergestallt huet.

© Beatrice Kneip

En historescht Buch, dat awer op aktuell Problematiken an der Lëtzebuergescher Sozial- a Politlandschaft opmierksam mécht. “Migratioun a Sécherheet,sinn Themen, déi och nach haut fir vill Debatte suergen”, sou de Quiqueret.

Méi zum Auteur a sengem Buch fannt Dir am NO ART vum 1. Juli.

"No Art On Air“ mam Jérôme Quiqueret
Invité: De Servais-Präis Gewënner, Jérôme Quiqueret, ausserdeem de Portrait vun engem Champion a Poesie aus dem Grand-Duché.

Back to Top
CIM LOGO