Op Visitt zu LëtzebuergRenconter mam Laureat vum Prix Goncourt Tahar Ben Jelloun

RTL Lëtzebuerg
De marokkaneschen Auteur war en Dënschdeg op Invitatioun vum Institut Pierre Werner zu Lëtzebuerg, dat am Kader vum Mois de la Francophonie.

1987 hat hien de Prix Goncourt fir säi Wierk "La Nuit Sacrée" kritt.

En Dënschdeg den Owend huet hien aus sengem neie Buch gelies a sech mam Lëtzebuerger Auteur Jean Portante ënnerhalen.

«J'ai tué ma mère. Un oreiller sur le visage. » Esou fänkt säin neie Roman "L'insomnie" un, an deem et ëm e Mann geet, deen nëmme schlofe kann, wann en en aneren ëmbruecht huet. De Seriekiller sicht sech seng Affer awer bewosst; et si souzesoen déi, déi et verdéngt hunn. Et ass e Thriller, deem seng Thematik awer méi déif geet: e stellt d'Fro nom Doud, esou den Tahar Ben Jelloun am Interview.

27/02/2019 Tahar Ben Jelloun zu Lëtzebuerg

Nieft de Romaner, schreift den Tahar Ben Jelloun awer och pädagogesch Essaie fir Kanner, zum Beispill "Le racisme expliqué à ma fille". Besonnesch déi jonk Lieser si fir den Auteur wichteg.

Den Tahar Ben Jelloun

De ganzen Interview mam Tahar Ben Jelloun fannt Der op 5minutes.lu

Back to Top
CIM LOGO