
Leit, déi hiert d'ganzt Liewe laang geschafft hunn, mussen am Alter méi Suen hunn, wéi eng Persoun, déi net geschafft huet. Dat war d'Iddi vum Bundesaarbechtsminister Hubertus Heil, deen d'Iddi vun der "Respektrente" an d'Liewe geruff huet. Wann eng Persoun 35 Joer abezuelt huet, hätt se en Usproch op déi Pensioun. Och Joren, wou eng Persoun d'Kanner erzunn huet oder e Familljemember gefleegt huet, géife hei matgerechent ginn.