
Hiert Auerwierk ass iwwer 100 Joer al a gouf no Ouschterméindeg fir Restauratiounsaarbechte komplett auserneegeholl. E Freideg hunn d'Opbauaarbechte vum Wierk ugefaangen.
Aus dem Joer 1902 ass d'Auerwierk, et staamt aus dem Elsass. Ronn 10 Méint laang goufen déi eenzel Stécker vun engem Stater Aueremécher restauréiert. E Freideg de Moie louche si prett, fir zréck op hir Plaz gefouert ze ginn. An dës Plaz ass de Fëschmoart an do d'Méchelskierch.
D'Iddi fir dës Restauratioun duerchzefeieren, koum dem Comité Alstad no enger Visitt vun enger schottescher Kierch.
Zesumme mat sengem Fils Eric huet de Bijoutier Georges Jungblut e Freideg de Moien de Gros vun den Opbauaarbechte vum restauréierten Auerwierk an der Kierch duerchgefouert.
Verschidde Stécker, déi gefeelt hunn, hu misse nei ugefäerdegt ginn.
Well déi haiteg Auer mat Elektresch funktionéiert, gëtt dat aalt Auerwierk als Ausstellungsstéck benotzt.
De Käschtepunkt vun de Restauratiounsaarbechte beleeft sech op ronn 24.000 Euro. Dovunner si 15.000 Euro Privatdonen. De Recht deele sech d'Stad Lëtzebuerg an de Service national des Sites et Monuments.
Wärend engem hallwe Joerhonnert huet d'Auerwierk funktionéiert. Den nächste Mëttwoch gëtt de Recht installéiert an duerno kënnen d'Leit dat restauréiert Stéck bestaune kommen.