Film vun der Woch"Roofman" vum Derek Cianfracne

Loïc Tanson
No Filmer wéi "Blue Valentine" a "The Place Beyond The Pines" wielt den Derek Cianfrance mat "Roofman" en aneren, méi liichten an deels witzegen Toun. Trotzdeem ass den amerikanesche Realisateur sengem Stil trei a bleift genee esou authentesch wéi tragesch.
Film vun der Woch: "Roofman" vum Derek Cianfracne
No Filmer wéi “Blue Valentine” a “The Place Beyond The Pines” wielt den Derek Cianfrance mat “Roofman” en aneren, méi liichten an deels witzegen Toun.

De Jeffrey ass e fréieren Zaldot, deen net méi fäeg ass, seng dräi Kanner finanziell ze ënnerstëtzen. No enger mëssgléckter Gebuertsdag-Party fir seng Duechter fänkt hien u McDonald’s-Restauranten ze iwwerfalen, wuel gemierkt ni mat Gewalt, ma ëmmer op eng ganz héiflech Manéier. Trotzdeem lant hien am Prisong, wou hien eng joerzéngtelaang Strof soll ofsëtzen. Och hei geléngt et dem Jeffrey e Schwaachpunkt am System ze fannen an ze flüchten. Hie léisst sech an engem Spillgeschäft néier, wou hie sech an de Kulisse verstoppt a versicht no an no en neit Liewen unzefänken, nodeems hie sech an eng Caissière verléift.

Den Derek Cianfrance filmt dës wouer an iwwerraschend Geschicht am Stil vun engem Drama aus de 70er Joren. D’Personnagë stinn hei konstant am Vierdergrond, an de Channing Tatum spillt de Jeffrey op esou eng sympathesch Manéier, datt dës Geschicht mat all Moment manner kredibel gëtt a sech eng Zort sozial Rom-Com verwandelt. D’Kirsten Dunst bréngt eng erstaunlech Natierlechkeet mat sech an der Roll vun enger Mamm vun zwee Teenager a genee dës zwou verschidde Manéieren, hir Personnagen ze verkierperen, weisen d’Ambivalenz vun engem Film, dee konstant tëschent Naturalismus a Kinosclichéen hin an hier gerappt ass. Trotzdeem ass “Roofman” flott a liicht Ënnerhalung mat engem gudde Fong, déi vun hire villschichtege Charaktere lieft.

Back to Top
CIM LOGO