Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam André Jung

RTL Lëtzebuerg
Den André Jung ass ee vun de bekanntsten Acteuren zu Lëtzebuerg, deen am Film beispillsweis de Superjhemp verkierpert huet.

Mir ginn dës Woch gewuer wéi eng hien als Student der Direktioun am Lycée gespillt hat, wéi en Androck d’Schauspillschoul bei him hannerlooss huet an ob ee mat der Konscht räich gëtt. Am ‘Café des artistes’ zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och, wéi hie mat 48 en Hiereschlag op der Bün gemaach huet a firwat säin Enkelkand ‘Knuppi’ heesche soll.

Um Piano: de Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO