Ëmmer um 17.20 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Christian Schaus

RTL Lëtzebuerg
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Mat sengen 165 Zentimeter ass de Christian Schaus vläicht net dee gréissten awer ee vun deene beschten Dëschtennisspiller zu Lëtzebuerg. Den “Schausi”, wéi e genannt gëtt, zielt beim Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten wéi eescht hie säi Sport nach ëmmer hëlt a seng Konkurrente psychesch beaarbecht. Rieds geet iwwer seng Erënnerungen un d’chinesesch Mauer, wou Ni Xialian hie virum Prisong gerett huet, seng Challenge mam Fussballnationaltrainer, säi grousst Grilltalent, säi Liewen als Eenzelkand, säin enorm grousse Virwëtz an dass hie virun senger Fra mat där hirer Schwëster zesumme war.

Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO