Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Claude Bintz

RTL Lëtzebuerg
De Claude Bintz ass de fréiere Chef vun Tango, Voxmobile an IP-Lëtzebuerg, deen och Musek am Blutt huet.

Am “Café des artistes” zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten, wéi et ass, wann een den Zouschlag kritt fir en neien Telefonsreseau opzebauen. Hie beschreift, wéi seng Sammlung mat alen Handyen a coole Gittaren ausgesäit. Mir héieren, firwat seng Band mëttwochs moies prouft a wéi de Batteur eng Kéier op der Bün verschwonnen ass. Mir gi gewuer, wéi hie Sushi mam Grand-Duc zu New York giess huet an, dass hien de Weltrekord vun den Coveren um Paperjam mat engem anere Jean-Claude deelt.

Um Piano: De Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO