Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Claude Mangen

RTL Lëtzebuerg
De Claude Mangen ass fir d'Bün gemaach als Acteur, Realisateur oder elo als Direkter vum Mierscher Theater.

Am Café des artistes huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verroden, wéi beim Éisleker alles ugefaangen huet a mir gi gewuer, dass do d’Massendénger net ganz onschëlleg waren. Mir héiere wéi den Thierry van Verwecke bei him zu Wien ënnerdaach koum an op wéi eng originell Manéier hie säin 50. gefeiert huet.

Um Piano: de Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO