
Am Café des Artistes am Gronn gëtt de Wandel vum Sozialist bei déi Gréng vum Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten thematiséiert.
Hien zielt iwwer seng Haassléift zur Schoul a seng Aarbecht op der Bunn. Rieds geet vun der ominéiser Trapebesetzung an der Chamber, sengem Talent fir d’Zéiharmonika, vun ofgeseeten Luuchtepottoen, der Nordstrooss an de Radaren. A mir gi gewuer, ob hie wierklech e Porsche huet, wéi ëmmer nees behaapt gëtt.
Um Piano: De Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.