Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Guy Weber

RTL Lëtzebuerg
De Guy Weber, dee virum Summer an d'Pensioun gaangen ass, war bis dohinner den "Informatiounsdirekter" bei RTL.

Mam “Vollbluttjournalist” geet et ëm seng grouss Léift fir de Futtball a speziell Liverpool. Am “Café des artistes” beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten zielt hien awer och, wéi dacks hie scho mam Vëlo gefall ass a wat e gebrach huet. Rieds geet och vun der Sendung DNA, hie kuckt zeréck op all berufflech Etappen a verréit, firwat d’Martina Navratilova him nom Interview e Glas Waasser iwwert de Kapp schëdde wollt.

Um Piano: de Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO