
Am ‘Café des artistes’ am Gronn verréit de Pensionnaire dës Woch dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten, wéi et ass zu 11 Kanner doheem ze sinn. Mir gi gewuer, firwat hien den Internat zu Arel huet missten verloossen, duerch wéi en Ëmstand hien mat der Politik a Verbindung koum a firwat Fliedermais fir den Hobbywënzer sou wichteg sinn.
Um Piano: de Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.