
Am “Café des artistes” beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten vergläicht hien de Grand-Duché mat Monaco, erënnert u seng schéinst a seng schwéierst Momenter um Terrain, erzielt, wou op der Welt d’Nuetsliewen am beschten ass, a verréit och, firwat hien a senger aktiver Zäit sou e grousse Verschläiss u Racketten hat.
Um Piano: de Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.