Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Joris

RTL Lëtzebuerg
De Joris ass e musikalesche Poet aus Däitschland mat enger onverwiesselbarer Stëmm.
© Patrick Greis

Am ‘Café des artistes’ am Gronn beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten schwätzt hien iwwer “Sex & Drugs & Rock & Roll” an der Showbranche a firwat virun, a no engem Concert keen Alkohol bei him méi gedronk gëtt, mee Banannejus.

Mir gi gewuer, wéi waarm et am Kostüm vu “Masked Singer” ass a firwat bei der Sendung “Sing meinen Song” souvill Tréine fléissen. Hie gëtt zou, op munchen Hit vu Kolleege jalous ze sinn a verréit, als Teenie onstierflech an d’Emma Watson verléift gewiescht ze sinn.

Um Piano: De Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO