
Hien huet scho mat 15 geschafft, fir sech eng Levis-Jeans ze leeschten. Am “Café des Artistes” am Gronn zielt de Jos dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten, datt hien de Warm-up fir den David Guetta gemaach huet, dem Gérard Depardieu Wäi verkaaft huet an dem Monica Semedo eng ganz Camionnette Blumme geschenkt huet.
Hie war derbäi, wéi d’Gëlle Fra am Stadion erëmfonnt gouf, an hat e Bett am Melu opgestallt wou et richteg zur Saach goung.
Um Piano: De Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.