
Am “Café des artistes” verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten firwat hie sech dem Grand-Duc eng Kéier an de Wee gestallt huet. De Luss zielt, dass hien 13 Nationalhymnenbeherrscht an den Tschernobyl-Ree geroden ass, mat de Girls vum Lido zu Paräis op der Bün stoung, am Restaurant vum KGB giess huet a Kachkéis an d’USA erageschmuggelt huet.
Um Piano: De Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.