
De Marc Baulesch war bis Januar den Haushär aus der Chamber. De Huissier principal huet a 25 Joer Déngscht méi wéi engem President oder Presidentin gedéngt. Am Frack a mat der grousser Ketten huet hien eleng an 1.800 ëffentlechen Sitzunge gekuckt, dass alles ronn gelaf ass. Egal ob elo e Member aus der chinesescher Delegatioun déi grouss Riddo begladdert huet, en afrikanesche Parlamentspresident déi gëlle Füllfieder astieche wollt oder de President vum Europaparlament Martin Schulz e Coiffeur gebraucht huet, an där Roll muss ee flexibel bleiwen.
Spiichte wéi déi, wou se dem Deputéierten Henri Kox d’Glas Waasser mat Vodka getosch hunn oder hie beim Trounwiessel dem Prënz Sébastien d’Schong gestréckt huet, ier e getrollt ass, ginn ugeschwat vum Dan Spogen, Raoul Roos a Shari Schenten.
Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
