
Auteur a Regisseur ass wéi bei deenen aneren 2 Programmer och de Jemp Schuster, mat deem si och bestuet ass. Wéi et schlussendlech zu deem Mariage koum, ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d’Shari Schenten am ‘Café des artistes’ gewuer.
Zu der Liewensgeschicht gehéiert och d’Geheimsprooch ënner Zwillingen, d’Léift fir d’Schoul, e Proff, deen et gutt gemengt huet, e Feelstart beim Schwammen, d’Faszinatioun fir d’Schreifmaschinn, déi léif Zigarett, eng gutt Kippchen an d’Angscht virun Uebst apaart mat Kären.
Um Piano: de Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.