Ëmmer um 17.20 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Monique Melsen

RTL Lëtzebuerg
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Wann een den Numm Monique Melsen héiert, da kommen engem vill verschidde Saachen an de Kapp. Grand-Prix Eurovision de la Chanson, Cabarenert an d’Monique ass eng bekannte Stëmm aus der Publicitéit. Am RTL-Afterwork gëtt een awer och gewuer, dass se 2 Joer bei der internationaler Pop-Grupp Family Tree gesongen huet. Dem Dan Spogen, Raoul Roos an Shari Schenten zielt d’Monique iwwer hiren Optrëtt an der Hitparade beim Dieter Thomas Heck, hir vill Fanpost, hir Bekanntschafte mam Udo Jürgens, Serge Gainsbourg a Ray Charles a mir gi gewuer, wéi dat hannert de Kulisse vum Eurovision Song Contest zu Dublin wierklech war. Um Piano: den Erny Delosch.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO