
Am ‘Café des artistes’ verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten, firwat hien iwwerhaapt déi Richtung ageschloen huet an net Tennisstar ginn ass. Mir héieren, wéi e sech derduerch geknäipt huet, awer och wéi een e gudde Plädoyer hält an och alt emol op Gléck an Zoufall vertraue muss, fir e Prozess ze gewannen. Rieds geet donieft vu senge Qualitéiten als DJ a firwat hie vu senge Kolleege ‘Fiffi’ genannt gëtt.
Um Piano: De Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.