
De René Closter gëtt iwwerall de Papp vum Lëtzebuerger Rettungshelikopter genannt, an de Jean-Claude Juncker huet hien emol “Éisleker Klatzkapp” vernannt, an dorobber ass hie bis haut houfreg.
Ouni säi staarke Wëllen, eng Portioun Luussegkeet an e bëssche Schauspillerei kéim d’Hëllef hei am Land haut warscheinlech nach net aus der Loft. Dem Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten zielt den Éierebierger vun Ëlwen, Geschichten iwwert de Grand-Duc Henri, de Ronaldo an den Osama bin Laden. Mir gi gewuer, dass e gären un Oldtimer schrauft, a wat fir eng Schlësselroll en Hond gespillt huet.
Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
