
Hie schwätzt iwwer seng Éisleker Wuerzelen a verréit, firwat säin Häerz am Fussball fir Liverpool schléit.
Am ‘Café des artistes’ ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d’Shari Schenten gewuer, wéi e beim Sportsjournalismus gelant war, an en erënnert un eng memorabel Soirée mam Astrid Lulling zu Stroossbuerg.
Den Hobby-DJ zielt, wéi et hannert de Kulissen vu Wirtschaftsmissiounen ofleeft a firwat et a senger Studentenzäit beim Kleeschen zu enger brenzeleger Situatioun komm war.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.