
Am ‘Café des artistes’ am Gronn ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d’Shari Schenten gewuer, dass de Steven Pitman um Flughafen Hahn op d’Welt koum, dass hien zwee Joer hannert senger Fra hier war. Hie verréit, dass en eng Kéier bei engem Optrëtt seng Box vergiess hat, an dass en am Mäerz an d’Pensioun geet.
Piano: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.