
Am ‘Café des artistes’ am Gronn verréit den däitsche Schrëftsteller dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten dës Woch, wéi hien zum Schreiwe komm ass, an dass hien zu Lëtzebuerg e Stage bei der Europäescher Kommissioun gemaach huet. Mir gi gewuer, firwat hie Japanesch geléiert huet, an dass säi Papp zwou Wochen net méi mat him geschwat huet, wéi hie sech d’Hoer gréng gefierft huet.
Um Piano: de Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.