12 Points from Luxembourg...RTL-Presentatrice Fabienne Zwally annoncéiert d'Punkte fir Lëtzebuerg🎤
Nodeems beim groussen ESC-Comeback vu Lëtzebuerg d'lescht Joer d'Desirée Nosbusch fir Lëtzebuerg d'Punkten an der grousser Finall verginn huet, fält d'Éier den Owend op d'Fabienne Zwally.
Verëffentlecht: 17.05.25 17:03, Update: 18.05.25 02:14
D'Presentatrice vum Magazin op RTL Télé wäert deemno e Samschdeg den Owend der Welt matdeelen, wéi engem Land d'Lëtzebuerger Fans déi meeschte Punkte ginn hunn.