Bekannt aus "The Wire"Schauspiller James Ransone am Alter vu 46 Joer gestuerwen

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Den "The Wire"-Schauspiller James Ransone ass dout. Den Doud vum 46 Joer ale Schauspiller gëtt vun der Geriichtsmedezin als Suizid klasséiert.
Der unter anderem durch seine Rolle als Drogendealer in der Serie "The Wire" bekannte Schauspieler James Ransone ist tot. Der Tod des 46-Jährigen werde als Suizid eingestuft, erklärte die Gerichtsmedizin in Los Angeles.
© AFP/Archiv

De Schauspiller, deen ënnert anerem duerch seng Roll als Drogendealer an der Serie “The Wire” bekannt gouf, ass dout. Den Doud vum 46 Joer alen James Ransone wier als Suizid klasséiert ginn, heescht et e Sonndeg vun der Geriichtsmedezin zu Los Angeles. Wéi verschidden amerikanesche Medie mellen, wier d’Police bei säin Haus geruff ginn, wou si den Acteur dout fonnt hunn. Am Rapport vun der Geriichtsmedezin ass iwwerdeem ze liesen, datt de Ransone sech erhaange soll hunn. Weider Detailer géing et bis ewell net ginn, d’Police vu Los Angeles huet der Plattform Entertainment Weekly matgedeelt, datt d’Police näischt zu Suizide géing soen.

Nieft der Aarbecht fir d’Tëleeserien huet de Ransone och an e puer Hollywood-Filmer matgespillt. Ënnert anerem hat hien am Horrorfilm “It Chapter Two” an “The Black Phone” eng Roll.

Viru véier Joer hat de Ransone op Instagram matgedeelt, datt hie schonn a senger Jugend sexuell mëssbraucht gi wier an an der Suite heroin- an alkoholsüchteg gi wier.

De Ransone hannerléisst eng Fra an zwee Kanner.

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu

Back to Top
CIM LOGO