
De Schauspiller, deen als “Powerstar” wéinst sengen Action-Rolle bekannt war, war e Freideg wéinst Péng an der Broscht an eng Klinick zu Bangalore ageliwwert ginn.. Kuerz drop ass hie gestuerwen.
Dausende vu Fans hu sech no der Nouvelle an de Stroosse vu Bangalore versammelt, och de Premier Narendra Modi huet säi Matgefill ausgedréckt. Hien huet op Twitter geschriwwen, datt eng “grausam Tournure vum Schicksal eis ee produktiven an talentéierte Schauspiller geholl huet ...”. Déi nächst Generatioune géifen hie wéinst senge Wierker a senger wonnerbarer Perséinlechkeet a gudder Erënnerung halen.