Fir Theorien zu Aliens bekanntSchwäizer Auteur Erich von Däniken am Alter vun 90 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Schwäizer Auteur Erich von Däniken ass dout. De Publizist war besonnesch fir seng Theorien zum Ausserierdeschen bekannt.
Den Erich von Däniken bei engem Virtrag zu Baltimore
Den Erich von Däniken bei engem Virtrag zu Baltimore
© RICCARDO SAVI/Getty Images via AFP

De Schwäizer Auteur Erich von Däniken ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen. De Publizist, dee fir seng Theorien zum Ausserierdesche bekannt ass, ass e Samschdeg no engem kuerzen Openthalt am Spidol zu Untersee am Kanton Bern gestuerwen, wéi säi Büro matdeelt. Seng Famill der däitscher Presseagence déi traureg Nouvelle confirméiert.

De Bestseller-Auteur huet Dosende Bicher iwwer sech a presuméiert Spuere vun Aliens op der Äerd geschriwwen. Hien huet ënnert anerem d’Theorie vertrueden, datt d’Pyramiden an Ägypten mat der Hëllef vun Aliens gebaut goufen.

Op sengem Youtube-Kanal huet de geléierte Kach a ville Virträg iwwer Alien geschwat. Hien huet ënner anerem iwwer d’Fro debattéiert, ob Ausserierdescher déi selwecht Geschlechtsorganer hu wéi Mënschen.

Am Joer 1968, an den Ufanksjore vun der Raumfaart, ass säin éischt Buch mam Titel “Erinnerungen an die Zukunft. Ungelöste Rästel der Vergangenheit” erauskomm. Hien huet dora Rätsele vun der Mënschheet als Beweis fir d’Visitte vun Ausserierdesche gedeit.

De von Däniken war Autodidakt. Hien huet als Kach a Serveur, Barkeeper an Hotelier geschafft. Joerzéngtelaang huet hie sech a Berichter a Bicher verdéift an ass op honnerte Plaze gereest, fir presuméiert Spuere vun Aliens op der Äerd ze sichen an ze dokumentéieren.

Back to Top
CIM LOGO