Serie iwwer SerienShrinking op AppleTV

Shari Schenten
Eppes aus dem Beräich "Komedie" och wann d'Apple-Produktioun Shrinking op den éischte Bléck net no laache wierkt.
© Photo by Robert Voets/Courtesy of Apple - © ed

Shrinking

D’Serie portraitéiert den Jimmy, e Psychiater, deen nom Doud vun senger Fro probéiert mam Verloscht eens ze ginn. Genee dora läit och d’Stäerkt vu Shrinking, nämlech méi schwéier Theemen, wéi eeben den Doud, op eng méi labber, mä awer respektvoll Manéier unzegoen. Doduerch kann een och éischter vun enger Komedie-Drama-Serie schwätzen. Kuckt iech hei den Trailer vu Shrinking un.

Den Jason Segel ass den Haaptduersteller an de Produzent a seng How I met your mother-Aart fënnt een och hei erëm, och wann net all Witz gelongen ass an ee se heiansdo vu Wäitem gesäit kommen. Den Highlight ass awer definitiv den Harrison Ford, dee sech am héijen Alter fir d’éischt Kéier an de Komedie-Beräich gewot huet, a mat senger dréchener, sarkastescher Aart de Counterpart zum Jimmy duerstellt. Der Serie huet dat ënnert anerem schonn zwou Nominatioune bei den Emmy Awards abruecht.

Shrinking op AppleTV

Back to Top
CIM LOGO