D’Simone Decker kritt de Konschtpräis 2026. Hir Aarbecht besteet ënner anerem aus Skulpturen, déi si an den ëffentleche Raum integréiert. Mat dëse Wierker géingen d’Architektur, dat urbaant Ëmfeld an institutionell Kontexter exploréiert ginn, argumentéiert de Jury. Déi zäitgenëssesch Kënschtlerin hätt quasi en eegene Genre geschaf.
De Kulturminister Eric Thill lueft d’Laureatin, datt si sech nieft hirer artistescher Karriär och fir d’Professioun a fir aner Kënschtler agesat hätt.
Et ass déi drëtt Editioun vum Lëtzebuerger Konschtpräis, dee mat 10.000€ dotéiert ass. D’Iwwerreechung ass am November am Nationalen Archeologie-, Konscht- a Geschichtsmusée.