Expo am CasinoSitting for decades - de Sound-Designer Patrick Muller

Patricia Baum
Toun, Klang, Schall a Sprooch alles dat sinn Arbeschtsoutile vum Sound-Designer Patrick Muller...

De Lëtzebuerger schafft a lieft zu Berlin an hien experimentéiert ganz vill als fräiberuffleche Klangkënschtler mat den ënnerschiddleche Geräischer déi eis ëmginn. Sou och a sengen aktuellen Touninstallatiounen am Casino.

Lautsprecher, Mikro’en an Instrumenter, vill méi brauch et hei net fir en Abléck ze kréien an eng Welt wou sech alles ëm d’Lauschteren dréint. De Patrick Muller schafft niewent kommerziellen Aarbechten och u senger eegener Konscht. Hei am Casino installéiert hien seng Expo, déi zu Éieren vun engem vun de wichtegste Pionéier an der Klangkonscht, organiséiert ginn ass – dem Alvin Lucier. Viru 50 Joer ass säi bekanntste Stéck – I am sitting in a room entstanen.

Am Wierk „I am sitting in a room“ huet den Alvin Lucier deemools viru Publikum an e Mikro en Text ageschwat dee gläichzäiteg opgeholl ginn ass. Déi Opnam ass dann erëm an deem selwechte Raum ofgespillt an erëm opgeholl ginn. Esou huet hie bei all Opnam d’Raumakustik agefaangen.

5 Lautsprecher a 5 Mikroe gräife beim Patrick Muller senger Installatioun genau dee Phenomen op. Hien ass extra an Amerika gereest fir den Alvin Lucier ze interviewen. Dës Extraite benotzt hien hei am Casino.

Haut den Owend ass de Vernissage an de Weekend vum 31. Januar ass dann och e Symposium ronderëm d’Klangkonscht am Casino, mat Workshoppen a Konferenzen. An D’Expo leeft nach bis den 09. Februar.

Méi Informatiounen : www.casino-luxembourg.lu

Back to Top
CIM LOGO