PremièreSolo "Dreamer" geet op d'Stereotyppe ronderëm Fraen an

RTL Lëtzebuerg
Dat ass den zweete Volet vun enger Trilogie vun der Lëtzebuerger Choreographin an Dänzerin Anne-Mareike Hess.
Solo "Dreamer" geet op d'Stereotyppe ronderëm Fraen an
Dat ass den zweete Volet vun enger Trilogie vun der Lëtzebuerger Choreographin an Dänzerin Anne-Mareike Hess.

An hirer Aarbecht beschäftegt si sech gäre mat verschiddenen emotionalen Zoustänn a probéiert déi duerch hiren Danz nach méi visibel ze maachen. “Dreamer” ass heibäi keng Exceptioun. 2018 huet si den éischten Deel aus hirer Trilogie presentéiert, bei där et ëm Stereotyppe ronderëm Geschlechter geet. Wärend si sech bei „Warrior” op de Roll vum Mann konzentréiert huet, steet elo 3 Joer méi spéit d’Fra am Mëttelpunkt.

Trotzdeem ass d’Stéck awer un all Mënsch adresséiert a soll d’Leit zum Nodenke bréngen. Fir d’Contrainte vun de Fraen an eiser Gesellschaft visuell duerzestellen, schafft d’Anne-Mareike Hess mat Tul, e Material, dat vill verschidde Biller evoquéiert. Esou gëtt Tul traditionell souwuel am Ballet a bei Hochzäite genëtzt, ewéi och bei Begriefnesser. Donieft géif d’netzarteg Struktur vum Stoff och eng Fal konnotéieren, esou d’Anne-Mareike Hess.

E Samschdeg den Owend ass dann och nach e Publikumsgespréich no der Virstellung. Do wäert d’Choreographin dann hir Hannergrondinformatiounen an Iwwerleeungen nach méi am Detail erklären. „Dreamer” kann een nach bis 19. Dezember kucke goen. An zwee Joer kënnt da viraussiichtlech deen drëtten a leschten Deel vun der Trilogie.

Méi Informatioune fënnt een um Site vun Neimënster.

Back to Top
CIM LOGO