Streetart zu LondonSozialkritesche Message vum Banksy viru Chrëschtdag?

RTL Lëtzebuerg
No bei der Oxford Street zu London ass um Méindeg eng Zeechnung op der Mauer opgedaucht, déi méiglecherweis vum Streetart-Kënschtler Banksy staamt.
© CARLOS JASSO/AFP

D’Graffiti weist zwee Kanner, déi am Wantergezei um Buedem leien an an den Himmel kucken, ee vun hinne weist no uewen. Och wann Banksy sech nach net dozou bekannt huet, si vill Experten iwwerzeegt, datt d’Wierk vun him ass.

D’Bedeitung vum Bild gëtt ënnerschiddlech interpretéiert: e puer gesinn eng positiv Botschaft, anerer e kritesche Bléck op d’Gesellschaft. De Standuert kéint e wichtegen Hiweis sinn, well nieft dem Graffiti steet d’Héichhaus Centre Point, dat fir Luxus-Wunnengen, mee och fir Wunnengsmangel an Obdachloseproblemer zu London steet. Dat kéint drop hindeiten, datt d’Bild sozialkritesch gemengt ass, besonnesch am Kontext vu Kanner, déi an der Aarmut liewen.

Back to Top
CIM LOGO