ÄgyptenSpektakuläre Bléck ënnert d'Bandagë vum Pharao Amenophis I.

RTL Lëtzebuerg
3.000 Joer laang krut kee säi Kierper ze gesinn. Mat Hëllef vu moderner Technik konnte Fuerscher digital ënnert d'Bandagen an de Mask vun der Mumie kucken.
© © Egyptian Ministry of Antiquities/AFP/-

Mat dräidimensionale Scanns ass et ägyptesche Fuerscher ënnert anerem gelongen, nei Abalsaméierungstechniken z’entdecken. Dës Technike goufen iwwer 1.500 Joer viru Christus beim Amenophis I. agefouert. D’Mumie vum Pharao gouf 1881 entdeckt. Bis haut goufen d’Bandagen net opgemaach. Op dës Manéier wollt een de Mask vum Doudegen an d’Blummegirlandë schützen.

Wéi de Ministère fir Tourismus an Altertum matgedeelt huet, ass et dem Sahar Saleem, Radiologie-Professorin un der Universitéit Kairo, an dem Ägyptolog Sahi Hawass gelongen, mat Hëllef vun enger 3D-Röntgenopnam eng éischte Kéier d’"Gesiicht” vum Kinnek Amenophis I. ze gesinn, genausou wéi säin Alter festzestellen an op aner Geheimnisser ronderëm seng Mumifizéierung ze stoussen.

De Scan huet erginn, datt den Amenophis I. am Alter vu 35 Joer verscheet ass. Déi genee Doudesursaach konnt allerdéngs net ermëttelt ginn. Et wier een op keng Blessuren oder Spuere vu Krankheete gestouss. Hie war 1,69 Meter grouss an hat gutt Zänn. Weider heescht et vun de Fuerscher, datt hie sengem Papp soll geglach hunn: hien hat nämlech e schmuele Kënn, eng schmuel Nues a gekrauselt Hoer.

Donieft koum eraus, datt hien als éischten alägyptesche Kinnek mat gekräizten Äerm abalsaméiert gouf. Ausserdeem ass hien de leschte Pharao, deen d’Gehier net erausgeholl krut.

Weider huet d'3D-Röntgenopnam erginn, datt säi Kierper no sengem Doud eng Partie Schied dovugedroen huet; vu Schankebréch bis hin zu engem grousse Lach am Bauch.

Mat Hëllef vun derselwechter Technik hunn de Sahi Hawass an de Mumien-Spezialist Albert Zink am Joer 2012 e ronn 3.000 Joer aalt Verbrieche ronderëm de Ramses III. opgekläert.

Back to Top
CIM LOGO