De Kinotipp"Spencer"

RTL Lëtzebuerg
Mat Filmer wéi "Jackie" oder "Neruda" huet de chileenesche Realisateur Pablo Larrain sech fir historesch a politesch Personnagen interesséiert.
Kinotipp "Spencer"
Mat Filmer wéi “Jackie” oder “Neruda” huet de chileenesche Realisateur Pablo Larrain sech fir historesch a politesch Personnagen interesséiert.

Am Drama mam Titel “Spencer” dréint alles sech ëm déi tragesch Figur vun der “Princess of Wales”. D’Diana gëtt vum “Twilight” Star Kristen Stewart gespillt.

D’Relatioun tëschent dem Trounierwe vun England, dem Prënz Charles, a senger Fra, dem Diana Spencer, ass alles, mä net virbildlech. Rumeure vun Affären an enger zukünfteger Scheedung ploen den Haff an d’Diana gëtt vun de Fotografen a Journaliste gejot.

Fir Chrëschtdag fënnt déi ganz “Royal Family” an der Queen hirer Residenz vu Sandringham zesummen. Hei soll awer gemaach ginn, wéi wa näischt wier an de Protokoll soll strikt agehale ginn. Fir d’Prinzessin vu Wales ginn dës Festivitéiten deemno zu engem reegelrechten Albdram.

“Spencer” ass eng Fabel déi op historeschen Evenementer a Personnagë baséiert. De chileenesche Realisateur Pablo Larrain daucht op ganz immersiv Manéier an d’Subjektivitéit vum Diana an. Hir Relatioun mat der ganzer Famill ass verfriemt, hir Costumière ass hier eenzeg Confidente, hir Kanner hire leschte Refuge. Si passt net an d’Bild vun dëser strenger Famill déi hir Existenz no absurden an anachronisteschen Traditioune féiert.

Agespaart a verroden, traureg a rosen, verléiert si ëmmer méi de Bezuch zur Realitéit. A genee dës zwangsleefeg Spiral gëtt am Film “Spencer” verbildlecht. Déi exzellent an original Musek vum Johnny Greenwood, präzis a villschichteg Dialoge vum Steven Knight droe genee wéi eng subliméiert Fotografie vum Claire Mathon dozou bäi, datt dësen atypesche Biopic verdreemten an erdréckend Sequenzen op ergräifend Manéier matenee vermécht.

Der Kristen Stewart hir Sensibilitéit an extrem Fragilitéit ginn dësem Personnage schlussendlech eng fundamental tragesch Dimensioun a maachen aus “Spencer” ee vun de ganz staarken an emotionale Filmer vum Joer.

Back to Top
CIM LOGO