Mir kucken ënner anerem op de Programm am Zelt, ma awer och wat d’Luxembourg Art Week nach ausserhalb vum Glacis ze bidden huet.
Mir hu mat verschiddene Galeristen a Kollektiven iwwer d’Konschtvermëttlung, d’Kënschtlech Intelligenz a villes méi geschwat a mam Alex Reding kucke mir zréck op d’Geschicht an d’Gebuert vun der Lëtzebuerger Konschtfoire.
No Art on Air vun der Luxembourg Art Week, presentéiert vum Sandy Elsen a Patricia Baum.
De labbere Kulturtalk “No Art on Air” ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d’Emissioun duerno och am Replay fënnt.