Must-have fir PhilatelistenSpeziell Timber-Editioun zu Éiere vum David Bowie

RTL Lëtzebuerg
Zu dem Kënschtler sengem 75. Gebuertsdag huet sech d'Deutsche Post eppes ganz Besonnesches afale gelooss.
© AFP

Vum 3. Januar u kritt een an Däitschland Timberen am Wäert vu 85 Cent vum brittesche Museker ze kafen. Eng speziell Editioun kënnt e puer Deeg méi spéit eraus, déi net nëmme Bowie-Fans, ma och Philatelisten interesséieren dierft.

An enger Oplag vu jeeweils 5.000 Exemplare bitt d’Deutsche Post zwee speziell Päck un. De Pak an der Gréisst S dréit sech ëm déi däitsch Haaptstad Berlin, wou de Popstar gelieft a Musek produzéiert huet. De Pak M stellt de Weltall duer. Ënnert anerem dem Bowie säi Lidd “Space Oddity” dréit sech ëm dës Thematik. Designt goufe béid vum Hamburger Rainer Kollender.

Am Januar 2016 ass den David Bowie am Alter vun 69 Joer u Kriibs gestuerwen. Virun allem an de 70er Joren huet hien déi brittesch Musekszeen mat sengem eemolegen, aussergewéinleche Stil gepräägt. Hien zielt zu de gréisste Verwandlungskënschtler an der Museksgeschicht, andeems hien Alter-Egoe wéi Ziggy Stardust, Thin White Duke an Aladin Sane geschaaft huet.

Et gëtt geschat, datt hie weltwäit iwwer 140 Millioune Placke verkaf huet. Bannent senger Karriär huet hie 26 Studioalben erausbruecht.

Back to Top
CIM LOGO